De Speck oder d’Ham kleng schneiden a mat Olivenueleg oder Botter an der Pan lues ubroden, d’Zwiwwelen derbäi maachen an dëst mat engem Schotz wäisse Wäin oder Geméisbritt läschen. E klenge Schotz Ram derbäi schëdden an dat Ganzt eventuell mat Miel bannen. Wierzen an d’Ierbëssen derbäi ginn. Eng Kéier opkache loossen. D’Nuddelen hunn eng Kachzäit vun ca. 9 Minutten. Dat Ganzt mat oder ouni gerapptenem Kéis zerwéieren.
Déi réi Rommele (2–3 Stéck) schielen a kleng rappen, Päerdsbieresseg derbäischëdden, Peffer a Salz an Zalotekraider an d’Schossel maachen. D’Zwiwwele schielen an a ganz dënn Rondele schneiden. Duerno den Zalotenueleg an den Hanfueleg derbäi schëdden.
Zum Ofschloss d’Lorbeerblat derbäi maachen an dat Ganzt e bëssen am Frigo stoe loossen (am Beschten iwwert d’Nuecht).