Alternative content for the legend

Liewe mat der Kraaft vum Waasser

Den Numm „Mëllerdall“ kënnt net vun ongeféier. An enger fréier aarmer Regioun waren et Waasserleef ewéi déi Wäiss Ernz, déi Schwaarz Ernz an d’Sauer, déi verschiddenst Mille beweegt hunn an dʼ Leit Miel, Ueleg, Duch an aner Produkter produzéiere gelooss hunn. Sou goufen zum Beispill an der Konsdrëfer Millen Nëss a Raps zu Ueleg verschafft, an der Fielser Géigend si mat der Waasserkraaft d’Maschinnen an der Textilindustrie ugedriwwe ginn an zu Iechternach hu se bis viru kuerzem nach Miel hiergestallt. Wien sech haut nach am Mëllerdall op d’Spuere vun de Mille begëtt, kann dat maachen. Esou gëtt een an der „Moulin Dieschbourg“ zu Lauterbuer bei Iechternach méi iwwert d’Produktioun vu Miel a Kaffi gewuer. Déi al historesch Maschinne funktionéiere säit 1910 bis haut a kënne vu Gruppe besichtegt ginn. Och eng Visitt am Touristcenter Heringer Millen am Mëllerdall däerf net feelen. An dëser mat Léift renovéierter Mille kann ee sech op eng kleng Zäitrees beginn an an d’Geschicht vum Site andauchen. An da ginn et nach déi Plazen, déi engem net direkt an de Sënn kommen, wa vu Mille riets ass. Oder wosst Dir, dat an der Huel Lee zu Bäerdref Millesteng gebrach gi sinn?

 

D'Bongerten, typesch lëtzebuergesch

Fréier gouf et der eng sëllegen duerch d’ganzt Land verdeelt, besonnesch an der Regioun Mëllerdall, an et kann een se ouni Weideres als typesch lëtzebuerger Kulturlandschaft bezeechnen: d’Bongerten. Hei wiisst d’Matière première fir eng ganz Rei vun de Regionale Produkter erun: fir Drëppen, Jus oder Gebeess. Bis Mëtt 20. Joerhonnert hu si an der Landwirtschaft eng wichteg Roll gespillt, mee lues a lues, duerch d’Mechaniséierung vun der Landwirtschaft an d’Konkurrenz vum kommerziellen Uebstubau a grousse Plantagen, sinn d’Bongerten aus dem Landschaftsbild verschwonnen a sech selwer iwwerlooss ginn. 

An de leschte Joere sinn allerdéngs ëmmer méi Initiativen entstan, fir deem entgéintzewierken an de Bongerten neit Liewen anzehauchen. Sief et am Kader vu LEADER-Projeten, der Biologescher Statioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall oder Initiative vun Associatiounen ewéi natur&ëmwelt, Privatleit a Produzenten. D’Bongerte sinn net nëmmen en Deel vun der DNA vum Mëllerdall, mee och wichteg fir d’Biodiversitéit an d’Aartevillfalt.

Méi ewéi just e puer openeegetässelt Steng

Op den éischte Bléck ënnerscheeden sech Dréchemaueren net vill vun anere Bau- a Befestegungsstrukturen. Beim zweete Bléck offebaren dës openeegetässelt Steng awer esou vill méi, a wëssen eis Onerwaartes ze verzielen. Wat mécht dës Bauwierker esou besonnesch?

Duerch déi vill Huelraim tëscht den eenzele Steng bitt eng Dréchemauer een ofwiesslungsräiche Liewensraum fir Déieren a Planzen. Dréchemauere bestinn aus lokale Steng, si si gebaut aus dem Material, dat um Aker an an de Wisen am Laf vun de Joerhonnerte geraf gouf. D’Steng sinn esou getässelt ginn, datt eng stabil Konstruktioun entsteet déi keen Zement brauch an dach déi ënnerschiddlechst Aufgaben erfëllt: Stëtzmaueren, fräistehend Maueren, Trapen, Entwässerungsgrief a souguer Ënnerstänn. Dréchemaueren kënnen niewent hire Qualitéiten als Biotop och nach a Saachen Erosiounsschutz an Héichwaasserschutz punkten. Kee Wonner also, datt dëst alt Handwierk am Natur- & Geopark Mëllerdall am Kader vun engem Interreg Va – Projet en neien Opschwong erlieft. Haalt einfach mol är Aen op, wann Dir am Bësch, op der Gewan oder am Wéngert ënnerwee sidd. Dir wäert Iech wonneren, ewéi vill Dréchemauerestrukturen et hei ginn.

D'Geologie erliewen

De Mëllerdall ass ewéi gemaach, fir sech mat der Geologie an hiren Auswierkungen op d’Entwécklung vun der Regioun auserneenzesetzen. D’Entstehung vun eiser Äerd an d’Materialien aus deene se besteet, ass d’Grondlag vum Liewe vu senge Produzenten.

D’Regioun Mëllerdall ass wäit iwwert d’Grenzen eraus fir hir eenzegaarteg a villfälteg Landschaft bekannt. Impressionant Fielsformatiounen, déif ageschnidden Däller, Plateauen, Bëscher a Felder sinn d’Grondlag fir d’Produkter aus der Regioun.

Prozesser ewéi Erosioun a Verwitterung hunn d’Landschaft geformt. D’Liewen an d’Leit an der Regioun sinn duerch dës eenzegaarteg Entwécklung gepräägt ginn. 

Fielser, Schlëff a Mardelle bidden een ideale Liewensraum fir geschützte Planzen an Déieren. Fir de Leit dës Eegenschafte méi no ze bréngen, ass d’Regioun zanter kuerzem Natur- & Geopark ginn.