Kulturhaff Millermoler

regional – fair – ekologesch – transparent
Produiten:
regionale Buttek, Raimlechkeete fir Seminarer, Couren a Feierlechkeeten
Philosophie:
De Kulturhaff Millermoler ass e Buttek mat regionalen a lëtzebuergesche Produkter, mat deene mir och Corbeillë fir all Geleeënheeten an all Portmonni zesummestellen. Am Summer kann een op eiser Terrass, no un der Vëlospist, gemittlech eppes drénken an chillen. An eise Raimlechkeete kënne Seminarer a Couren organiséiert ginn. Och eis Konschtgalerie kann ee lounen. Des Weidere bidde sech eis Raimlechkeete fir familiär a betriblech Feierlechkeeten un. Gären organiséiere mir mat oder fir Iech Är Fester. Am Laf vum Joer organiséiere mir Aktivitéiten an Themenowenter fir Kanner an Erwuessener. Och Kannergebuertsdeeg kann ee bei eis organiséieren.
Kontakt
13, rue Girsterklaus
L-6560 Hénkel
Video ukucken