Stäerzelen

4 Portiounen 30 Minutten Hierscht

1 Liter Waasser mat Salz (12g) un d’Kache bréngen. Wëllkeschmiel (½kg) beieneen draschëdden an dobäi réiere bis et e steiwen Deeg ass. D’Fett aus 100– 200g duerchwuessenem Speck ausgreeën. En Iessläffel a kachend Salzwaasser zappen an domat d‘Stäerzelen erausstiechen. 

D’Stäerzelen an eng waarm Schossel leeën, mat Fett, Gréiwen, geschmoltenem Botter an engem Dëppche Ram iwwerschëdden an am Bakuewe waarm halen.