Strëmpele mat Rieslingszooss

4 Portiounen 30 Minutten Summer

D’Muert, de Fenschel (½ Knoll), d’Porett, den Zelleri, 2 Schallotten, 1 Zéif Knuewelek an de Péiterséileg kleng schneiden. Poulets-strëmpelen (4–6 Stéck) brong ubroden (Olivenueleg, Botter jee no Goût), salzen, pefferen an dann op d’Säit stellen. D’Schallotten ubroden. De Knuewelek kuerz mat uréischteren. Duerno dat kleng geschniddent Geméis, d’Lorberblat, de Péiterséileg an déi ½ Zitroun derbäi ginn. Salzen a pefferen. Dat Ganzt e puer Minutten zéie loossen an da mam Wäin (200ml) ofläschen. Kuerz opkachen. No e puer Minutten d’Pouletsstrëmpelen derbäi maachen. Alles zesummen ½ Stonn am Brotdëppen (oder Tajine) bei klenger Temperatur goe loossen. Alternativ kann een et och an de virgewiermte Bakuewe setzen. 

Zum Schluss d’Zooss passéieren an de Poulet zerwéieren. Als Bäilag passt Polenta an ee Fenschelgeméis. De Patt Riesling net vergiessen.