Vins René Krippes

Wäiner produzéieren, déi ech selwer gären drénken
Produiten:
Wäin
Philosophie:
Well ech gäre Wäin drénken, wollt ech selwer Wäi produzéieren. Dowéinst bedreiwen ech ee klengen Wënzerbetrib als usprochsvollen Hobby zu Rouspert op den Häng vun der Lag Hoelt. Am Prinzip ass déi Lag vergläichbar mam nërdlechen Deel vun der Musel, wou och Biedem aus dem Muschelkallek sinn. Den Usproch ass Wäiner ze produzéieren, déi ech och selwer gären drénken.Qualitéit priméiert! Dofir muss de Rendement kleng sinn (30-40 L/Ar) an d’Lies spéit. 3 Zorte Wäi ginn ugebueden: Auxerrois, Pinot Gris a Riesling. Den Ausbau erfollegt am Château Pauqué (Abi Duhr) zu Gréiwemaacher am typeschen Stil vum Haus (lues Spontanvergärung bis zu 12 Méint).
Kontakt
11a, rue du Pont
L-6581 Rouspert
Video ukucken