Kniddelen nei interprétéiert

2 Portiounen 30 Minutten Fréijoer

Fir den Deeg de Muertejus (½l) mat dem Miel (½kg), zwee Eeër an enger Messerspëtzt Salz vermëschen.

Dësen Deeg dann am kachende Salzwaasser pochéieren. D’Waasser soll just um Siedepunkt sinn an net spruddelen. Den Deeg kënnt Dir mat Hëllef vun engem Sprëtzsak, deen Dir vir ofschneit, an d’Dëppe ginn, andeems Dir gläichméisseg drop dréckt a vir mat engem Messer, dat reegelméisseg a waarmt Waasser gezappt gouf, tailléiert. Dat Ganzt kann een awer och op traditionell Aart a Weis maachen, andeems een den Deeg mat engem Läffel an d’Dëppe gëtt.

Fir d’geschwenkte Geméis kënnt Dir Muerten a Paprika huelen, oder soss all Zort Geméis. Dëst da kleng schneiden a mat Kraiderbotter schwenken, duerno dann déi ofgedrëpste Kniddelen derbäi ginn a mat frësche Kraider fäerdeg ofschmaachen.