Tudorsgeeschter

Moti: Déi beschte Goûten aus eiser Regioun mat der Distillerie anzefänken
Produiten:
Drëppen, Likör (Jus & Wäin - vu FRU)
Philosophie:
D‘Tudorsgeeschter knäppen un déi laang Traditioun vun den Distillerien zu Lëtzebuerg, besonnesch zu Rouspert, un. Déi ursprünglech Bongerten – mat villen, deels a Vergiessenheet gerodenen Uebstsorten schenken eis eng herrlech schéi Landschaft an eng wonnerbar Grondlag fir Drëppen a Likören. Mat Hëllef vum faszinéierenden Handwierk vun der Brennerei – ouni kënschtlech Zousätz mee mat vill Gedold a Gefill – entstinn aus de Quetschen, Äppel, Mirabellen oder Neelchesbieren déi fein Tudorsgeeschter-Drëpsen. Dës Passioun kann ee bei enger Visitt kucke kommen, an engem Cours suguer selwer ausprobéieren oder einfach an engem Cocktail oder als Digestif ge
Rezept:
Kontakt
8, Henri Tudor
L-6582 Rouspert