SPEEDY-misu

6 Portiounen 15 Minutten Hierscht

Eegiel (4) an Zocker (100g) schloen, Mascarpone (500g) a Speedy (3-4IL) derbäi schëdden an dat Ganzt gutt mëschen. D’Eewäiss (2) zu Schnéi schloen a virsiichteg ënnert d’Mass hiewen. D’Hallschent vun de Läffelsbiscuiten (insgesamt 200g) kuerz an de Speedy (3–4IL) oder den Orangëjus (¼l) zappen, duerno an d’Schossel leeën a mat der Hallschent vun der Mascarponecrème bedecken. 

Dee ganze Spaass mat der anerer Hallschent widderhuelen an duerno alles beienee fir e puer Stonnen an de Frigo stellen.

Rezept vum:
Tudorsgeeschter