Distillerie Weber-Walch

Handwierk & Traditioun – dat ass eist Verspriechen
Produiten:
Drëppen
Philosophie:
Schonn an der 5ter Generatioun um selwechten Haff; zu Reisduerf direkt un der wäisser Ärenz, stellt d’Distillerie Weber-Walch Destillater, oder och Drëppe genannt, hir. Mir hu virun 2 Joer, no 40 Joer Stëllstand, de Betrib erëm opgeholl mat enger neier Anlag an zwee vergréisserten a renovéierte Gebaier, déi alle modernen Uspréch gerecht ginn. Besonnesch houfreg si mir, well mir exklusiv Bongertenuebst verschaffen, wat gréisstendeels vun den eegene Beem kënnt. Mir verzichten integral op Sprëtzmëttel, genee ewéi op Plantagenuebst an Importwuer. Niewent de Beem, déi droen, hu mir eng ronn 670 Héichstamm-Uebstbeem nei geplanzt. Et geet vun Äppel, Bieren & Quetschen, iwwer Quidden, Mirabellen & Réngglotten bis hin zu Spieren, Vullekiischten & Hondsaarsch. D’Bongerte leien, ouni Ausnam, alleguerten an engem Ëmkrees vun 3km ëm den Haff am Duerfkär. D’Handwierk vum Brenner ënnerscheet sech wéineg, vun deem, wat meng Virfaren, virun iwwer 100 Joer, scho gemaach hunn. An deem Geescht, produzéiere mir héichwäerteg Destillater a weider Produiten aus eisem Uebst aus den Däller a Koppe ronderëm d’Sauer, d’Ärenz an d’Our. Mat vill Passioun brenne mir virun allem zortereng Bränn, wat sech am eemolegen Aroma vun dëse gudden Drëpsen erëmspigelt. Kommt eis Produiten an d’Proufstuff vun der Brennerei schmaachen.
Kontakt
15, route de Larochette
L-9391 Reisdorf