Eegiel (4) an Zocker (100 g) schloen, Mascarpone (500 g) a Speedy (3-4 IL) derbäi schëdden an dat Ganzt gutt mëschen. D’Eewäiss (2) zu Schnéi schloen a virsiichteg ënnert d’Mass hiewen. D’Hallschent vun de Läffelsbiscuiten (insgesamt 200 g) kuerz an de Speedy (3–4 IL) oder den Orangëjus (¼ l) zappen, duerno an d’Schossel leeën a mat der Hallschent vun der Mascarponecrème bedecken.
Dee ganze Spaass mat der anerer Hallschent widderhuelen an duerno alles beienee fir e puer Stonnen an de Frigo stellen.