D’Ee, den Zocker (75 g), de Botter (75 g), d’Mëllech (250 ml), d’Miel (400g) an d’Hief (1 Cube à 42 g oder 2 Titerecher gedréchent Hief) zesummen an der Knietmaschinn zu engem glaten Deeg knieden. Salz (10 g) bäiginn an eng weider 2 Minutte knieden. Den Deeg zu zwou gläich grousse Bulle formen, eng Stonn roue loossen, duerchknieden an eng weider hallef Stonn roue loossen. Kreesfërmeg ausrullen a pro Form eng 10 Bottercuben an den Deeg andrécken. Duerno mat Eegiel usträichen a mat Zocker bestreeën.
25 Minutte bei 180 ° am Uewe baken a fäerdeg!