Fir unzefänke leeë mir 2–3 Äiswierfel an ee Wäisswäiglas. Am Uschloss reiwe mir déi 3 Peffermënzblieder duerch dat Bannescht vum Glas a verdeelen se op d’Äiswierfel. Duerch d’Reiwe vun de Peffermënzblieder, ginn hir Poren op, sou datt sech deen typeschen Aroma am Glas verdeele kann.
Da wäsche mir d’Limett (½) gutt ënnert fléissendem Waasser a schneiden se a Stécker. D’Limettestécker liicht ausdrécken a mat an d’Glas derbäi ginn. Duerno schëdde mir dann den Hielännerbléielikör (4 cl) derbäi.
Zum Schluss kënnt eise lëtzebuerger Cremant (120 ml) an dʼSpruddelwaasser (no Bedarf) derbäi.