Fierkelshämmchen

6 Portiounen 90 Minutten Wanter

Mat der Spëtzt vun engem schaarfe Messer, ënnert d’Schwaart vun der Fierkelshämmchen (1 Hämmche vun 1,2 – 1,5 kg) e puer Lächer stiechen, pro Lach eng geschielte Knuewelekszéif (insgesamt eng Dosen) ënnert d’Haut drécken. D’Fleesch mam Moschtert (2IL), Salz a Peffer areiwen. Eng Form mat Schmalz ausreiwen, d’Hämmchen dra leeën, an den op 200 ° virgewiermtene Schäffche stellen. No enger 30 Minutten, dat geschniddent Geméis (1 Muert, 1 Stéck Zellerie) ronderëm leeën, a reegelméisseg d’Hämmche mam eegene Jus iwwergéissen. Sollt net genuch Jus do sinn, e wéineg Geméisbritt derbäi doen. Dat Ganzt brauch elo nach eng Stonn. D’Hämmchen eraus huelen a waarm stellen. De Fong mam wäisse Wäin (200ml) an dem Rescht Britt opschëdden a liicht akache loossen. Déi gekachte Gromper dra pressen, sou gëtt d’Zooss schéi cremeg. Alles duerch e Sift sträichen, an d’Zooss mat Salz a Peffer ofschmaachen. D’Fierkelshämmchen an Tranche schneiden a mat der Zooss zerwéieren. Derbäi passt eng Salz-Gromper a Speckbounen.

Rezept vum:
Metzlerei Wietor