Metzlerei Wietor

Metzler-Handwierk no aler Traditioun
Produiten:
Hausmaacher Charcuterie, Zoossissen, Gereechertes a frëscht Fleesch
Philosophie:
Ons Produkter ginn zënter 40 Joer zu Beefort, no aler Handwierkstraditioun hiergestallt. Mir verschaffe Lëtzebuerger Rand- a Schwéngefleesch, esou wéi Wëld vun de Juegten aus onser Regioun. Dës Basisprodukter si vun enger kontrolléierter Qualitéit a laang Transportweeër fir dʼDéieren, souwéi déi fäerdeg Produkter ginn evitéiert. An onsen zwee Butteker fannt Dir Spezialitéiten, wéi Zoossissen, Hamen, Paté, Jelli, ee grousst Assortiment vu Wurschten, saisonal Zoubereedungen, an awer och e gutt Stéck frëscht Fleesch, ee Bifdeck, Schnitzel, Rouladen, Wäinzoossissen, Gehacktes a vill aner Variante vum Rand, Schwäin, Kallef, Schof an och Gefligel.
Kontakt
89A, Grand-Rue
L-6310 Beefort
117, route de Luxembourg
L-6562 Iechternach
Video ukucken