Echternacher Brauerei

Béier wéi virun 100 Joer
Produiten:
Béier
Philosophie:
Säit 2016 gëtt op der fréierer Gare vun der Schmuelspuerbunn „Charly“ zu Bech Béier gebraut. D’„Echternacher Brauerei“ war gebuer. Mëttlerweil besteet d’Sortiment aus véier Zorten: 1) dem „Hellen“, e klasseschen Hellen | 2) „Märzen“, en häerzhafte Béier deen am Mäerz gebraut gouf | 3) „Weess“, e klasseschen Hefe-Weizen | 4) „Festbier“, en deftege Béier fir an der kaler Wanterzäit. All d’ Zorte gi streng nom däitsche „Reinheitsgebot“, dat 1516 agefouert gouf, gebraut. Deementspriechend gi fir d’Produktioun just véier Ingrediente benotzt: Waasser, Malz, Happ an Hief. An dësem Sënn „Prost“ a wéi ee bei eis seet „Huelt Iech ter nach Een“ !