Roggen´Roll

3 Portiounen 2 Deeg Wanter

Fir de Sauerdeeg Roggemiel Typ 1150 (100 g), Hellen-Béier (100 g) an Anstellgut (10g) vermëschen an 8 Stonne bei 26 ° roue loossen. Fir d’Fidderung nach Roggemiel (100 g) an Hellen-Béier (100 g) vermëschen an 12 Stonnen roue loossen. De Virdeeg gëtt direkt no der Fidderung virbereet, dofir Dinkelmiel Typ 630 bzw. Wäissmiel (200 g), Roggemiel (50 g), Waasser (150 g) a Frëschhief (5 g) vermëschen. Dat Ganzt 4 Minutte lues an duerno 6 Minutte séier knieden. Zoudecken an 8 Stonne roue loossen. Wann en ze laang gegäert huet, den Deeg 1 falen. Fir den Haaptdeeg de Virdeeg, Roggemiel (215 g), Dinkelmiel oder Wäissmiel (200g), Salz (15 g), Hellen-Béier (100 g), Waasser (200 g) a Frëschhief (15 g) mateneen vermëschen an da 4 Minutte lues an duerno 7 Minutte séier knieden. Den Deeg 40 Minutte roue loossen. Dorauser 3 Brout (600g) formen a mam Enn no uewen an en agemieltene Gärkierfchen leeën. 60 Minutte gäre loossen, da lues op de Bakblech kippen, aschneiden a 40 Minutten bei 250 ° mat Schwade baken. No 10 Minutten d’Temperatur op 210 ° erofdréinen.