Waïcrèmezopp mat Kraiderpesto

4 Portiounen 30 Minutten Hierscht

Zellerie (100g), ½ Porette, 1 Zwiwwel mat engem Schnatt Botter am Dëppen ubroden. Elbling bio „le centenaire“ (400ml) derbäi ginn a kuerz kächele loossen. Als nächst Gefligelbritt (400ml) derbäi schëdden. Duerno Ram (300ml) a Miel (1IL) vermëschen, bei de Rescht ginn a weider kächele loossen. Zum Schluss gëtt dat Ganzt püréiert a mat SalzPeffer gewürzt. Fir de besonnesche Goût nach e bësse Walnossueleg, Parmesan a Kraiderpesto (1TL) derbäi ginn.

Dobäi gehéiert sech nach eng gutt Rieslingspaschtéit.