Gehacktes op Fladebrout

4 Portiounen 30 Minutten Fréijoer

D’Gehacktes (500g) mat Knuewelek (2 Zéiwen) ubroden, zwee kleng geschnidde Paprika derbäi ginn, an duerno d’Pizzatomaten (1 Béchs). Dat ganzt 5 bis 10 Minutte lues kache loossen. D’Fladebrout de laange Wee opschneiden a Sauerram drop verdeelen. 

De Schäffchen op 180  ° erhëtzen (Ëmloft). D’Gehacktes salzen a pefferen, mat Chilli wierzen an op déi 2 Hallschente vum Fladebrout verdeelen. Mat Kéis (500g) bestreeën an op engem Bakblech 10 bis 15 Minutten iwwerbaken.