Apel an Hielännerbléie - Crème

4 Portiounen 30 Minutten Fréijoer

D’Zitroun ausdrécken. Den Apel schielen a kleng rappen, dann den Zitrounejus driwwer ginn. 4 Peffermënzblieder kleng schneiden. De wäisse Kéis (250g) an eng Schossel maachen an den Hiélännerbléiesirup an d’Peffermënz ënnerréieren. D’Ram (125ml) mam Vanillzocker (1 Pak) zu Schlagsan klappen an ënnert de wäisse Kéis hiewen. 4 Cantuccini-Biscuiten an eng Tut maachen a mat der Deegrull kleng klappen. D’Walnëss (8 Hallschenten) karamelliséieren. Dofir Zocker a Waasser (jeeweils 30ml) an enger Kasseroll ënnert bestännegem Réieren opkachen, bis et ufänkt, hunnegfaarweg ze ginn. Dann d’Nëss am Zockergemësch dréinen an op engem Teller niefteneen ofkille loossen. 4 Dessertsglieser hallef mat Crème fëllen, d’Biscuiten drop verdeelen, d’Glas ganz opfëllen. Mat engem Peffermënzblat an 2 Nosshallschente dekoréieren. 

E séiss-erfrëschende Genoss!