Vizerei Eppelpress

Mir verschaffe regionalt Uebst aus Iwwerzeegung
Produiten:
Äre Viz vun Ären Äppel. Viz, Vizmëschungen, Sirup, Gebeess a Balsamesseg.
Philosophie:
Säit 2008 si mir engagéiert an der Veraarbechtung vu regionalem Uebst. Dobäi stinn d’Hierkonft vum Ausgangsprodukt, traditionell Rezepturen, an eng modern Produktiounstechnik am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht. Als Familljebetrib si mir no beim Client a kënnen individuell op Är Erwaardungen a Wënsch agoen. Aus der Iddi „Äre Viz vun Ären Äppel“ ass eng ganz Gamme vu Produkter a Servicer ronderëm eist Uebst entstanen. Am Viz ass de Goût vun der ganzer Regioun, nëmmen Äppel vun Héichstammbeem kommen an d’Këscht. Eist Gebeess huet de Goût vun Doheem, et gëtt am Kofferkessel gekacht, ouni Zousätz. Eis Passioun an eisen Engagement kann ee schmaachen.
Kontakt
12a, Beforterstrooss
L-9365 Eppelduerf
Video ukucken