Roger Baulesch

Vum Bauerenhaff op den Dësch – Kuerz Weeër, laange Genoss
Produiten:
Schofsfleesch, Poulet a Schnuddelhénger
Philosophie:
Wie vill Wäert op héichwäerteg Produkter leet, ass hei op der richteger Platz. Mir bidde Fleesch vun eisen natierlech gehalene Schof un. Gesond a kräfteg geziichten Texel- a Merinoschof si Garant fir héichqualitativt Schofsfleesch, Schofssalami, Schofswurschten etc. De Verkaf vum Haff oder op de Mäert uechtert d’Regioun Mëllerdall erhält de Kontakt a garantéiert ëmmer eng frësch Wuer fir de Konsument.
Kontakt
6, Waantergaass
L-7664 Miedernach