Corn Dogs vum Schof

4 Portiounen 30 Minutten Wanter

D’Ee schaumeg schloen, dann d’Mëllech (120 ml) ënnerréieren a weider schloen. Duerno d’Maismiel (70 g), d’Weessmiel (60 g), d’Salz (¼ TL), de Peffer (¼ TL), d’Bakpolver (2 TL) an den Zocker (20 g) ënnerréieren, bis e geschmeidegen Deeg entsteet.

D’Friteuse oder en Dëppen mat Fett op 180 ° erhëtzen. D’Zoossissen (4 Stéck) op en Holzstäbchen (4 Stéck) stiechen an duerch den Deeg zéien. Duerno dat Ganzt wärend e puer Minutte frittéiere bis d’Corn Dogs eng schéi goldbrong Faarf hunn. Iert een se zerwéiert, sollen d’Corn Dogs nach eng Kéier ofdrëpse gelooss ginn.

Rezept vum:
Roger Baulesch