Produiten:
Brout, Mëtschen (Viennoiserie), Pâtisserie, regional Produkter, Epicerie
Philosophie:
Als kleng „Manufaktur“ mat 4 Mataarbechter an der Produktioun hu mir d’Méiglechkeet, och fir kleng Commanden a Stéckzuelen de Clienten hir spezifesch Wënsch ze erfëllen. Nieft dem normale Bäcker-Pâtissier-
Sortiment hu mir och regional Produkter vun de Mëllerdaller Produzenten, aus dem Naturpark Our souwéi Produkter „vum Séi“, ausserdeem Epicerie-Artikele fir den alldeegleche Gebrauch. Déi Matière première déi mir verschaffe probéiere mir sou gutt et geet aus der Regioun ze bezéien, sou wéi mir dat schonn zanter 1930 maachen.