1 Liter Waasser mat Salz (12 g) un d’Kache bréngen. Wëllkeschmiel (½ kg) beieneen draschëdden an dobäi réiere bis et e steiwen Deeg ass. D’Fett aus 100– 200 g duerchwuessenem Speck ausgreeën. En Iessläffel a kachend Salzwaasser zappen an domat d‘Stäerzelen erausstiechen.
D’Stäerzelen an eng waarm Schossel leeën, mat Fett, Gréiwen, geschmoltenem Botter an engem Dëppche Ram iwwerschëdden an am Bakuewe waarm halen.