Hunneg-Taart

6 Portiounen 30 Minutten Fréijoer

Fir de Mierfdeeg Miel (200g), Pudderzocker (2IL), Bakpolver an e bëssi Salz an enger Schossel vermëschen. De Botter (100g) an d’Ee derbäi ginn an zu engem glaten Deeg knieden. Den Deeg soll minimum 30 Minutten am Frigo rouen. Duerno den Deeg op enger gemielter Fläsch ausrullen an dann an eng Taarteform leeën.

Fir d’Fëllung als éischt de Botter (100 g) schmëlzen. Ram (125ml), Maisstäerkt (1TL), Salz, Hunneg (125g) an 2 Eeër mam Botter am Mixer verréieren. 

Duerno d’Fëllung op den Deeg ginn a fir 45 Minutte bei 175 ° (Heißluft) am Schäffche baken. Wann d’Taart fäerdeg ass, se aus dem Schäffchen huelen an ofkille loossen. Éiert een Taart zerwéiert, kann een nach e bëssi flëssegen Hunneg doriwwer traufelen.