LAG LEADER Regioun Mëllerdall

Missioun:

Gutt Iddien, déi d’Regioun weiderbréngen, genee déi sicht d’LAG LEADER Regioun Mëllerdall. LEADER steet fir Liaison Entre Actions de Développement de l’Économie Rurale. Mat dëser europäescher Initiativ ginn innovativ Projeten ënnerstëtzt, déi zur ländlecher Entwécklung bäidroen. Den Uspriechpartner an der jeeweileger LEADER-Regioun ass déi Lokal Aktiounsgrupp (LAG). D’LAG Regioun Mëllerdall ass 2003 gegrënnt ginn, besteet aus 12 Gemengen, 1 Gemengesyndikat an 17 Veräiner a kënnt reegelméisseg zesumme fir e.a. iwwert Projeten ze beroden. De LEADER-Büro mat Sëtz zu Iechternach këmmert sech ëm d’Dagesgeschäft.

D’Zil ass et, d’Regioun ze stäerken an hir Entwécklung ze fërderen an de Beräicher: Tourismus – Patrimoine – Nohalteger Entwécklung – Gemeinschaft – Formatioun Regional Produkter – Natur. Op Bierger, Veräin oder Gemeng, jiddereen, deen eng Projetsiddi huet, ka sech gären un de LEADER-Büro wenden.

Kontakt
9, rue André Duchscher
L-6434 Iechternach