Wanterkéis Thymian Kichelcher

4 Portiounen 45 Minutten Wanter

De Botter (115 g) mam Mixer schaumeg réieren, Wanterkéis (125 g), Thymian (1 TL), Salz a frësch gemuelene schwaarze Peffer (jeeweils 1/2 TL) derbäi maachen a gutt mixen. D’Miel (Type 405, 150 g) derbäi ginn a weider mixe bis sech grouss Streisel bilden.

Den Deeg zu Rulle formen (4cm ø) an 30 Minutten zougedeckt an de Frigo maachen. Den Uewen op 180 ° virhëtzen. E Bakblech mat Bakpabeier ausleeën. D’Deegrulle mat engem schaarfe Messer a 5 mm déck Scheiwe schneiden. Dës op de Blech leeën an 18 bis 20 Minutte baken, bis d’ Kichelcher liicht brong sinn. D’Kichelcher ofkille loossen a beim Aperitif genéissen!