Zellerie (100 g), ½ Porette, 1 Zwiwwel mat engem Schnatt Botter am Dëppen ubroden. Elbling bio „le centenaire“ (400 ml) derbäi ginn a kuerz kächele loossen. Als nächst Gefligelbritt (400 ml) derbäi schëdden. Duerno Ram (300 ml) a Miel (1 IL) vermëschen, bei de Rescht ginn a weider kächele loossen. Zum Schluss gëtt dat Ganzt püréiert a mat Salz a Peffer gewürzt. Fir de besonnesche Goût nach e bësse Walnossueleg, Parmesan a Kraiderpesto (1 TL) derbäi ginn.
Dobäi gehéiert sech nach eng gutt Rieslingspaschtéit.