Hunnegséisse Geesekéis

2 Portiounen 15 Minutten Fréijoer

De Geessekéis (125 g Geessekéisrullen) gëtt an de Speck (4 Tranchen) agerullt, an an enger waarmer Pan mat Olivenueleg béidsäiteg ugebroden. Uschléissend gëtt de Kéis liicht mat Hunneg (1 TL) iwwergoss an op niddereger Flam schmëlze gelooss. D’ Mauséiercherszalot (100 g) wäschen an ofdrëpse loossen. 

Fir d’ Vinaigrette gëtt Mayonnaise (1 IL), mëttelschaarfe Moschtert (1 TL), Hunneg (1 TL), Äppelesseg (2 IL), Äppeljus (2 IL), Oliven-ueleg (2 IL) zesumme geréiert a mat Salz a Peffer ofgeschmaacht. E klenge Schoss Zitrounejus verfeinert den Aroma. Beim Zerwéieren dierf e feine Balsamicocrèmerand um Teller net feelen.