Hugo mat Hiélännerbléielikör

1 Portioun 5 Minutten Summer

Fir unzefänke leeë mir 2–3 Äiswierfel an ee Wäisswäiglas. Am Uschloss reiwe mir déi 3 Peffermënzblieder duerch dat Bannescht vum Glas a verdeelen se op d’Äiswierfel. Duerch d’Reiwe vun de Peffermënzblieder, ginn hir Poren op, sou datt sech deen typeschen Aroma am Glas verdeele kann. 

Da wäsche mir d’Limett (½) gutt ënnert fléissendem Waasser a schneiden se a Stécker. D’Limettestécker liicht ausdrécken a mat an d’Glas derbäi ginn. Duerno schëdde mir dann den Hielännerbléielikör (4cl) derbäi. 

Zum Schluss kënnt eise lëtzebuerger Cremant (120ml) an dʼSpruddelwaasser (no Bedarf) derbäi.

Rezept vum:
Distillerie Miny