Opyos Beverages

Best enjoyed responsibly in good company
Produiten:
Gin, Likör & Gebeess
Philosophie:
Ugedriwwen duerch de Wonsch, déi vergänglech Traditioun vum Brenn-handwierk ënnert enger moderner Interpretatioun erëm opliewen ze loossen, huet d’Opyos Team am Hierscht 2016 d’Welt vun der Distillatioun betrueden. Aus enger spontaner Iddi tëscht dräi gudde Frënn, déi sech an engem Bistro ameséiert hunn – wou och anescht – huet d’Geschicht vun Opyos säi Laf geholl. No iwwert engem Joer Testen, Probéieren an Entwéckelen ass 2017 den Opyos Luxembourg Dry Gin op de Maart komm. Säitdeem mécht sech Opyos queesch duerch de Grand-Duché mat sengen onverkennbare Gin-Kreatiounen een Numm.
Kontakt
86, op der Strooss
L-7650 Hiefenech
Video ukucken