Produiten:
Ufertegung vu Bijouen aus recycléiertem Gold a Sëlwer, Eenzelstécker a Klengserien aus Fairtrade-Gold, Reparatur a Restauratioun vu Bijouen, Expertise vu Bijouen
Philosophie:
Ech sinn d’Nancy, Goldschmadd vun Hiefenech. Inspiréiert vun der Natur entstinn a mengem Atelier Bijouen mat Charakter, Struktur a Séil. Ech schaffen haaptsächlech mat recycléierten Edelmetaller an nohalteg ofgebauten ob der hand geschlaffenen Edelsteng. Fir mech ass all Stéck eng Geschicht, déi am enke Austausch mam spéidere Besëtzer entsteet. Nieft Eenzelstécker restauréieren an transforméieren ech och Familljebijouen, fir hinnen en neit Liewen ze schenken. Mäi Fokus läit op enger bewosster, nohalteger a perséinlecher Approche. Et ass fir mech e grousst Privileeg, mäin Dramberuff an dem natierlechen inspireierenden Kasder vum Mëllerdall dierfen auszeüben.