Produiten:
Dekoratiouns-Objeten, Kleng Miwwelen, Iess-Dëscher, Kleng Objeten (z.B. Schneidbrieder, Flaschenöffner, Krescht-Deko an Cadeau‘en etc.)
Philosophie:
Mat iwwer 48 Joer Erfarung am Schräinerhandwierk, dovunner 35 Joer als Schräinermeeschter, ass d’Aarbecht mam Holz fir mech vill méi wéi e Beruff – et ass meng Passioun, där ech och a menger Pensioun mat vill Freed a Kreativitéit noginn. Mat LetzWood verbannen ech traditionellt Handwierk mat engem nohaltegen Ëmgang mat regionale Ressourcen.
Fir meng Miwwelen an Dekoratiounsobjete verschaffen ech exklusiv lëtzebuergescht Holz, wéi Nossbam, Äppelbam, Kiischtebam, Eechen- oder Eschenholz. Och Holzreschter ginn zu neien dekorativen Objete verschafft. Dobäi benotzen ech ausschliisslech ëmweltfrëndlech Ueleger a Lasuren.
Vum klengen Dësch iwwer individuell Iessdëscher bis hin zu Schneidbrieder, Dekoratiounen a Cadeauen: All Stéck gëtt mat der Hand hiergestallt an ass en Unikat. Esou entstinn eenzegaarteg Produiten, bei deenen Handwierk, Kreativitéit an Nohaltegkeet zesummekommen.