Fromburgerhaff

Wichteg ass eis eng nohalteg & innovativ Bewirtschaftung vun eisem Haff
Produiten:
Angus-Fleesch, Vakanzewunnengen, solidaresche Geméisubau, Eeër an Hunneg
Philosophie:
De Kär vun eisem Haffkreeslaf besteet aus eisem 40 Kapp staarken Angus Mammekoutrapp an hirer Nozuucht. Dʼ Déiere liewen aartgerecht an hirer Natur entspriechend, weede bal dat ganzt Joer dobaussen a friessen am Wanter Hee a Silo vun eise Wisen. Dʼ Fleeschqualitéit vun dëser Rass aus Schottland ass aussergewéinlech gutt, an dat naturnot Liewe vun eisen Déieren dréit säin Deel zum Geschmaach an der Qualitéit bäi. Dʼ SOLAWI Fromburg (solidarische Landwirtschaft) versuergt iwwer 100 Membere mat schmackhaften a samefeste Geméiszorten aus dem gemeinsame Gaart wéchentlech vum Fréijoer bis an de spéiden Hierscht.
Kontakt
0, Fromburger Hof
L-6572 Uesweiler
Video ukucken