Produiten:
textile Kreatiounen a maßgeschneiderte Couture
Philosophie:
By Siebenaler ass eng Mark fir textile Kreatiounen a maßgeschneiderte Couture, déi kënschtlereschen Design, Handwierk a Verantwortungsbewosstsinn matenee verbënnt.
D'Inspiratioun kënnt virun allem aus der Natur, där hir Formen, Faarwen a Strukturen an eenzegaarteg an zäitlos Designen iwwersat ginn. E besonnescht Kennzeeche vun der Mark sinn déi selwer entwéckelt Printen, déi aus Skizzen, Zeechnungen, Molereien a Fotografien entstinn.
All Kleedungsstéck gëtt mat vill Léift zum Detail entworf a verbënnt Material, Beweegung an Emotioun zu enger individueller Kreatioun. Dobäi kommen ënnerschiddlech Nähtechniken an och modern digital Drockverfahren zum Asaz, fir de Stoffer eng ganz besonnesch Ausdrockskraaft ze ginn. By Siebenaler steet fir lokal, handwierklech an nohalteg Moud a limitéierter Oplo – wäit ewech vun industrieller Masseproduktioun.
Dës Philosophie gouf 2015 mam Label Made in Luxembourg ausgezeechent.