Buttik & Bistro Berdorfer Eck

Buttik & Bistro - Bett & Kaffi - Kraidergaart
Produiten:
regional, bio & fairtrade Produkter, Kraider a Produkter mat Kraider
Philosophie:
Hannert dem Numm „Berdorfer Eck“ verstoppt sech e villfältegt Konzept: eng Epicerie mat Bistro, ee Bed and Breakfast an ee Kraidergaart. D‘Iddi ass einfach: et ass eng Plaz wou d‘Leit sech kënne begéinen, hier Akeef maachen a bei enger Taass Kaffi den Alldag hannert sech loossen. Och hannert dem Kraidergaart, deen op den Daachfläche vun iisem Gebai entstanen ass, stécht eng Philosophie: Mir wëllen déi jahrdausendal Traditioun vun den Natur-Kraider opliewe loossen a besonnesch Kraiderzorten déi a Vergiessenheet gerode sinn, uplanzen. D‘Kraider ginn op kuerzem Wee an iiser Kichen an a verschiddene Produkter verschafft. De Gaart ass op fir de Public.
Kontakt
53, Rue d’Echternach
L-6550 Bäerdref
Video ukucken