Natur- & Geopark Mëllerdall

Missioun:

Hannert dem Numm vum Natur- & Geopark Mëllerdall verstoppt sech méi wéi just Projeten am Beräich vun Natur a Geologie. Op ganz ënnerschiddlech Manéiere ginn hei villfälteg Projeten ëmgesat a Berodungsdéngschter offréiert. Dëst a folgende Beräicher: Klima & erneierbar Energien – Drénkwaasserschutz – Wëssensvermëttlung – Schutz an Erhalt vum kulturellen Ierwen – Berodungsdéngscht fir regional Produzenten – Berodungsdéngscht fir kleng a mëttelgrouss Betriber – Geologie – Schutz vun Natur a Landschaft.

Den Natur- & Geopark Mëllerdall adresséiert sech haaptsächlech un d’Awunner aus der Regioun. Eng Partie Atelieren, Wanderungen, Kanneraktivitéiten an Informatiounsowenter ginn am Laf vum Joer organiséiert a lueden dozou an d’Regioun nach besser kennen ze léieren.

11 Gemengen: Beefort, Bech, Bäerdref, Fëschbech, Fiels,Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg.

Uli Fielitz©