Den „Office Régional du Tourisme de la Région Mullerthal – Petite Suisse Luxembourgeoise“, ofgekierzt ORT Regioun Mëllerdall, besteet säit 2007.
Den ORT beschäftegt nieft senger Gestionnairin 6 weider Mataarbechter a këmmert sech nieft der Vermaartung vu sengem Haaptprodukt, dem Mullerthal Trail, ëm eng ganz Partie aner Projeten, dorënner ass de Vëlostourismus mat den nationale Vëlospisten, de fënnef Mountainbikestrecken souwéi och den 16 Rennradtouren an och d´Vermarktung vun der ganzer Regioun als UNESCO Global Geopark.
Den ORT bréngt eng Rei vun thematesche Broschüren a Folder eraus a besicht spezialiséiert Foiren am In- an Ausland. Scho säit Jore gi vum ORT reegelméisseg touristesch Guiden ausgebilt, déi de Gruppen, déi bei eis an d’Regioun kommen, eis Attraktioune méi no bréngen, sief et an der Kultur oder an der Natur.
Den ORT Regioun Mëllerdall organiséiert Formatiounen a bréngt eng uspriechend Souvenirsgamme eraus, déi Dir am Shop um Internetsite fannt.