Restaurant Gudde Kascht

Regional, frësch, mat Léift an hausgemeet op den Dësch
Produiten:
Kraiderbotter
Philosophie:
Zefridde si mir nëmmen, wann Dir Iech bei äis wuelfillt. Mir maachen dofir alles, datt Dir déi Momenter, déi Dir bei äis verbréngt, fir ëmmer flott an agreabel an Erënnerung behaalt. Immens houfreg si mir op eist selwer gebakent Brout an eis Hausmaacher- Nuddelen, Glacen a Kichelcher. Eist Geméis an d’Kraider kommen – direkt vum Buedem op den Teller – ganz frësch aus eisem klengen a mat vill Léift gefleegte Gaart. Déi séiss Schlabäizercher schafen äis eng raffinéiert, hauseege Patisserie, déi op d’Mooss all Zort vu Kuch (oder Taart) zaubere kënnen.
Kontakt
20, Henerecht
L-6370 Haler